bulletin de liaison de la section...

3
Rédaction: Johny Houtsch 1/3 19.11.2015 Bulletin de liaison de la SECTION CARAMBOLE Fédération Luxembourgeoise des Amateurs de Billard 63 Partie Cadre 38/2 Catégorie Nationale à Dudelange Commentaire vum Free-Lance Reporter Carlo Pallucca Spannend war et zu Diddeleng fir den Champion am Cadre38/2 Cat. National ze ermëttelen. No den Qualifikatiounen hunn sech den Marques Carlos (Rum), Achten Georges (Dud), Goedert Gérard (ABL) an Jeronimo Jorge (Esch) fir den Tour Final qualifizéiert den iwwer 3 Deeg gespillt ginn ass. Et huet och bis den leschten Dag gedauert fir ze wëssen wei den Podium ausgesäit. Fir déi drëtt Plaatz um Podium hunn den Goedert G. géint den Jeronimo J. gespillt, Goedert G. mat enger Serie vun 34 an Jeronimo J. mat enger Serie vun 27 an 13 war des Partie bis déi 6. Reprise ausgeglach 45-45. Vun do un huet den Goedert G., anescht wei säin Géigner, regelméisseg Punkte gemaach an huet mat 39 Punkten an der 10. Reprise an 42 Punkten an der 12. Reprise säin Virsprong kontinuéierlech ausgebaut 173-75 an der 13. Reprise. Dësen Virsprong huet hien sech net méi huelen gelooss an gewënnt des Partie, an domat déi drëtt Plaatz, mat enger schéiner Moyenne vun 12,500. Fir déi éischte Plaatz um Podium hunn den Marques C. géint den Achten G. gespillt, et huet en schonn beim aspillen gemierkt dass déi zwee Spiller nervös waren an dëst huet sech och am Mätsch erëmgespigelt 19-16 fir den Achten G. an der 5. Reprise. Marques C. mat enger Serie vun 21 Punkten (6. rep) an 19 Punkten (9. rep) an den Achten G. äntwert mat enger Serie vun 21 Punkten (7. rep) an 46 Punkten (9. rep) fir an der 10. rep 93-85 fier ze laien, et huet en den Drock bei den zwee Spiller richteg gespuert. Mat 79-9 Punkten fir den Marques C. an den rep. 11-14 huet hien sech en Virsprong vun 62 Punkten op den Achten G. erausgespillt (164-102).

Upload: trinhhanh

Post on 28-Aug-2019

213 views

Category:

Documents


0 download

TRANSCRIPT

Rédaction: Johny Houtsch 1/3 19.11.2015

l

Bulletin de liaison de la SECTION CARAMBOLE Fédération Luxembourgeoise des Amateurs de Billard

63

Partie Cadre 38/2 Catégorie Nationale à Dudelange Commentaire vum Free-Lance Reporter Carlo Pallucca Spannend war et zu Diddeleng fir den Champion am Cadre38/2 Cat. National ze ermëttelen. No den Qualifikatiounen hunn sech den Marques Carlos (Rum), Achten Georges (Dud), Goedert Gérard (ABL) an Jeronimo Jorge (Esch) fir den Tour Final qualifizéiert den iwwer 3 Deeg gespillt ginn ass. Et huet och bis den leschten Dag gedauert fir ze wëssen wei den Podium ausgesäit. Fir déi drëtt Plaatz um Podium hunn den Goedert G. géint den Jeronimo J. gespillt, Goedert G. mat enger Serie vun 34 an Jeronimo J. mat enger Serie vun 27 an 13 war des Partie bis déi 6. Reprise ausgeglach 45-45. Vun do un huet den Goedert G., anescht wei säin Géigner, regelméisseg Punkte gemaach an huet mat 39 Punkten an der 10. Reprise an 42 Punkten an der 12. Reprise säin Virsprong kontinuéierlech ausgebaut 173-75 an der 13. Reprise. Dësen Virsprong huet hien sech net méi huelen gelooss an gewënnt des Partie, an domat déi drëtt Plaatz, mat enger schéiner Moyenne vun 12,500. Fir déi éischte Plaatz um Podium hunn den Marques C. géint den Achten G. gespillt, et huet en schonn beim aspillen gemierkt dass déi zwee Spiller nervös waren an dëst huet sech och am Mätsch erëmgespigelt 19-16 fir den Achten G. an der 5. Reprise. Marques C. mat enger Serie vun 21 Punkten (6. rep) an 19 Punkten (9. rep) an den Achten G. äntwert mat enger Serie vun 21 Punkten (7. rep) an 46 Punkten (9. rep) fir an der 10. rep 93-85 fier ze laien, et huet en den Drock bei den zwee Spiller richteg gespuert. Mat 79-9 Punkten fir den Marques C. an den rep. 11-14 huet hien sech en Virsprong vun 62 Punkten op den Achten G. erausgespillt (164-102).

Rédaction: Johny Houtsch 2/3 19.11.2015

Wien geduet huet et wär elo séier eriwwer den huet sech geiert. Marques C. huet an den rep. 15-18 keen Punkt gespillt leider konnt dëst den Achten G. net ausnotzen an et steet 164-125 no der 18. rep. Marques C. wollt et elo wëssen mee leider verfeelt hien een einfachen Ball an seng Serie gëtt an der 19. rep. bei 32 Punkten gestoppt, Achten G. äntwert mat 24 Punkten (196-149). Déi lescht 4 Punkten vum Marques C. waren just Form Saach, Achten G., dem een d‘Middegkeet am Gesicht ofgesinn huet (daags virdrun mat 200-6 géint den Jeronimo J. mat enger fantastescher Serie vun 105), gëtt een Gläichspill duer fir Champion ze ginn, leider geléngen him nëmmen nach 34 Punkten an dësen MARATHON Mätsch (115min) gewënnt den Marques C. mat 200-183 an hellt sech domadder den Champion’s Titel am Cadre 38/2 Cat. National 2015/2016. Bei engem gudden Glas Cremant an engem klengen Buffet ass bis an Nuet eran gefeiert ginn. Ech als Commissaire Sportif vum CB-Diddeleng soen Merci un all Arbiter an Marqueuren an och un Spiller déi een grousse Fair Play gewisen hunn. Mäin gréissten MERCI gëtt awer un den Achten G. den op verschidden Spilldeeg an der Therapie war an owes awer bereet war fir ze spillen dat hätten net fill Spiller gemaach dat verdéngt een groussen RESPEKT. MERCI GEORGES Erwänenswert ass awer nach dass ech et perséinlech traureg fannen dass op engem Championnat an der Catégorie National ausser de Spiller, Arbiter an Marqueur KEEN den wee op Diddeleng fonnt huet, emol net fir den Tour Finale. Merci Pallucca Carlo

Podiums des Championnats Individuels Cadre 38/2

Catégorie 1 1. Antonio Fialho 2. Ribeiro Amadeu 3. Filipe Amaro 4. Tom Rissé

Catégorie Nationale 1. Carlos Marques 2. Georges Achten 3. Gérard Goedert 4. Jorge Jeronimo

Rédaction: Johny Houtsch 3/3 19.11.2015

Dates à retenir – l’un ou l’autre sera intéressé

20-22 novembre 2015 Lausanne Billard Masters 3-bandes à Lausanne (CH)

01-05 décembre 2015 Championnat du Monde 3-bandes indiv. à Bordeaux (FR)

13-19 décembre 2015 World Cup 3-bandes à Hurghada (EG)

16 janvier 2016 Congrès UMB au Caire (EG)

18-21 février 2016 Championnat du Monde Équipes Nationales ä Viersen (DE)

15-17 avril2016 Coupe d’Europe pour Équipes Nationales 5-Quilles à Herstal (BE)

Le coin du collectionneur

Collection Guy Glesener

Estampes – Gravures - Lithographies